Iwwert Mech

7

Mäi Numm ass Séraphine Mirage alias Tom Hecker, oder ëmgedréint? Ech ginn do net ëmmer eens.

Säit 2002 lafen ech duerch Weltgeschicht ronderëm. Am Joer 2004 sinn ech enger klenger Travestie-Trupp zu Léck bäigetrueden, well den Tom do studéiert huet. No 2 Joer war ech dann erëm zu Lëtzebuerg a sinn dunn 2005 mat enger bekannter lëtzebuergescher Travestie-Trupp opgetrueden. Säit 2011 sinn ech dann eleng ënnerwee an hunn esou bei munche Projete matgeschafft.

Ech hunn fir d’ “PATICKA asbl” Modell gestanen, “klassesch” Travestieshowe bei Privatleit, Promotiounsvideoe fir de SmooJo, Jongesellinnenabschieder, a villes méi.

“Mee wisou Séraphine Mirage?”, wäerten sech elo munch Léit froen. D’Serafim sinn Engelen, déi déi am nootsten zu Gott sinn an doduercher och déi Schéinste sinn, sou seet een. An elo emol éierlech, gesinn ech dann net engelsgläich aus? “A Mirage?”, majo e Mirage sinn ech jo och, dat ass jo kloer.

My Designers

7

Un dëser Plaz wëll ech Iech ganz vill Leit virstellen, déi mir gehollef hunn fir dass Dir mat mir eng schéin Zäit kënnt verbréngen.

En häerzleche Merci un jidder eenzelen vun hinnen!

Séraphine

Entertainerin

Tom

Tom

Make-up Kënschtler

Den Tom ass mäi Visagist, Choreograph, Kostümdesigner, Coach, an iwwerhaapt ass hien ALLES, well ouni hie géing ech guer net existéieren.

Johnny

Johnny

Webmaster

Ouni de Johnny kéint Dir dat hei net liesen. Hien huet mir déi ganz Website esou opgebaut, fir dass et fir mech e Kannerspill ass, alles selwer online ze setzen.

Esther

Esther

Redaktesch an Iwwersetzerin

D'Esther huet gehollef d'Texter ze schreiwen an ze verbesseren, virun allem déi franséisch Sprooch.

Claudia

Claudia

Kostüm a Beroderin

Dem Claudia seng Hëllef ass ganz wichteg, well hat mech bei allem beréit a bei de Kostümer hëlleft.

Kontakt

7

Schréif mir en E-Mail op hello@seraphine-mirage.lu