Mäi Numm ass Séraphine Mirage alias Tom Hecker, oder ëmgedréint? Ech ginn do net ëmmer eens.

Säit 2002 lafen ech duerch Weltgeschicht ronderëm. Am Joer 2004 sinn ech enger klenger Travestie-Trupp zu Léck bäigetrueden, well den Tom do studéiert huet. No 2 Joer war ech dann erëm zu Lëtzebuerg a sinn dunn 2005 mat enger bekannter lëtzebuergescher Travestie-Trupp opgetrueden. Säit 2011 sinn ech dann eleng ënnerwee an hunn esou bei munche Projete matgeschafft.

Ech hunn fir d’ “PATICKA asbl” Modell gestanen, “klassesch” Travestieshowe bei Privatleit, Promotiounsvideoe fir de SmooJo, Jongesellinnenabschieder, a villes méi.

“Mee wisou Séraphine Mirage?”, wäerten sech elo munch Léit froen. D’Serafim sinn Engelen, déi déi am nootsten zu Gott sinn an doduercher och déi Schéinste sinn, sou seet een. An elo emol éierlech, gesinn ech dann net engelsgläich aus? “A Mirage?”, majo e Mirage sinn ech jo och, dat ass jo kloer.