Diva Beauty

4 Stonne mam Tom: Hien kennt Iech ofhuele matt engem Prosecco, da fuert Dir zesummen an 1 bis 2 Make-Up Butteker an de Rescht vun der Zäit gëtt gewisen a geüübt wéi ee wou wat uleet! Dat gëtt dann am beschte bei Iech Doheem gemaach. Tipps ginn et da jee no Ulass, also op Dir éischter eppes wëllt wësse fir den Alldag oder fir Owes oder …

Diva Talking

Dir hutt eng Soirée organiséiert a wëllt awer kee Moderator ewéi een Aneren? Oder e Concert an Iech feelt eng keck Spriecherin fir är Stécker unzesoen? Oder Dir wëllt äre Produit op eng aner Manéier presentéieren? Dann benotzt einfach de Kontaktformular a mir kucken zesumme wei een dat ëmsetze kann.

Diva Stag Party

Jonggesellinenabschied: D’Braut soll geschminkt ginn, egal op anstänneg oder onanstänneg, villes ass méiglech! Oder villäicht och eng kleng Show? Oder soll ech matt Iech op den Tour? Dann benotzt einfach de Kontaktformular a mir kucken zesumme wei een dat ëmsetze kann.

Jonggesellenabschied: De Bräitchemann soll geschminkt ginn, egal op anstänneg oder onanstänneg, villes ass méiglech! Oder villäicht och eng kleng Show? Oder soll ech matt Iech op den Tour? Dann benotzt einfach de Kontaktformular a mir kucken zesumme wei een dat ëmsetze kann.